Den Europäesche Musée Schengen zu Lëtzebuerg

Vill Primärschoule besichen all Joers den Europäesche Musée zu Schengen. D’Schüler maache bei engem interaktive Programm iwwer d’Europäesch Unioun op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch mat. Si léieren iwwer d’europäesch Geschicht andeems si un engem Rallye deelhuelen, Quizer a Spiller maachen. Si kënnen och hiren eegene Schengen-Pass maachen.

Zum Schluss vun der Visite, kann all Schoulklass e Schlass un d’Skulptur „E Schlass fir Schengen“ hänke fir sech symbolesch un de Gedanke vun den oppene Grenzen ze bannen.